Vakanz Doheem 2020

Bedéngt duerch déi aktuell Situatioun si mir frou dat vill Leit aus der Groussregioun, oft fir d'éischt de Wee an d'Schlënner fonnt hunn an dëse speziellen Dall fir sech entdecke konnten.

Och wenn mir als Veräin dëst Joer leider keng weider Aktivitéiten organiséiere konnten an och déi traditionell Mass huet missen ausfalen, si mir frou dat de Projet vum Gedrénks op een neits vill Leit an der Schlënner frou gemaach huet.

Mir haten elo jo genuch Zäit eis Aktivitéiten auszedenken a freeën eis op de Summer 2021

Bleift gesond a monter!

Är Schlënner-Frënn


Statutenännerung - 2019

D'Ännerung vun eisen Statuten fannt dir ënnert der Rubrik "Wee si mir?"


Gedrénks an der Schlënnerbaach

De Summer 2019 ass eriwwer an eisen Gedrénks-Projet geet domat an de Wanterschlof. Leider ass eis Këscht dëst Joer gläich e puer mol probéiert resp. och wierklech opgerbach ginn. Mir soen Merci fir 750 verdronken Fläschen an wäerten 2020 mat eng méi stabiler Bezuel-Këscht weider maachen :)

Méi Informatiounen ze dësem Projet fannt dir ënnert Projeten -> Gedrénks an der Baach

 


Mass an der Schlënner 2019

Den 14. Juli ass déi alljäerlech Mass an der Uewerschlënner ze éieren vun der helleger Kunigunde. Wéi déi lescht Joren och well ass eisen Veräin zoustänneg fir d'Verfleegung. Mir frëen eis drop iech ze gesinn.


Assemblée généerale extraordinaire & ordinaire 2019

Den 30. Mee hate mir eis Generalversammlung ze Lëppschent an der aler Schoul, mir ware frou sou vill Leit duerfe Begréissen ze kënnen. Am Kader vun der Generalversammlung guffen am Virfeld d'Statute vum Veräin ugepasst.



Frënn vun der Schlënner op Instgramm

Ënnert dem Account @frennvunderschlenner fannt dir eis elo och op Instgramm. Mir probéieren iech hei een méi privaten Androck vun eisem Veräin ze ginn, dëst iwwert méi alldeeglech Aktivitéiten an den Leit aus dem Veräin.


Artikel am 'Cliärwer Kanton'

Ënnert "Presse" fannt dir een Interview vun eis aus dem Cliärwer Kanton (Ausgab August 2018)


Konventioun zum Haus an der Uerwerschlënner

No der Mass guff a Präsenz vum Staatssekretär dem Här Claude Turmes an de Vertrieder vun de Gemengen an dem Naturpark, eng Konventioun ze Notzung vum Haus an der Uewerschlënner ënnerschriwwen. Dëst Konventioun besteet tëschent der Administration de la nature et des forêts, dem Naturpark Our, den zwou Gemenge Buerschent a Gemeng Parc Housen souwéi eisem Veräin. Heimadder hunn déi lokal Veräiner d’Méiglechkeet kulturell, touristesch an historesch Evenementer ze organiséieren déi am Aklang mat der Natur stinn.

Déi zwou Gemengen hunn sech bereed erklärt een Éierwäin ze offréieren.

Ee spezielle Merci gelt dem verstuerwene Camille Gira, deen Haaptinitiator vun dësem Projet war.

 

Wieder Fotoen heivun ewéi vun der Mass fannt dir ënnert der Rubrik "Fotoen"


Mass an der Schlënner 2018

Den 08. Juli woer déi alljäerlech Mass an der Uewerschlënner ze éieren vun der helleger Kunigunde. Wéi déi lescht Joren och well ass eisen Veräin zoustänneg fir d'Verfleegung gewiesst.


1.Mee 2018

Genee ewéi déi lescht Joren hunn mir de Meekranz fir de Friddbësch a d'Ënnerschlënner gemaach. Ewell am 5. Joer besteet des Traditioun an huet sech ze engem festen Datum an eisem Kalenner entwéckelt. Fotoe vun dësem Evenement fannt fir ënnert "Fotoen".


Generalversammlung 2018

Den 24. Mäerz haten dFrënn vun der Schlënner hier Generalversammlung ze Wuelessen. Mir soen den Gemengevertrieder vun Buerschent an Housen esou wéi all eisen Memberen a Supporter Merci fir hiert Interesse un eisem Veräin an der Schlënner. 

 


Neiaweiung Klangwanderwee

Den 27ten August gouf zu Houschent no 15 Joer den Klangwanderwee nei ageweit. Den Naturpark Our, den SI Houschent, Schlënnerflitzer sou wéi d‘Frënn vun der Schlënner hunn d‘Leit op dëst Fest invitéiert. Mat interessanten Atelieren vun Will Mentor an Alan Johnsten, konnten d‘Leit iwwer d‘Kënschter vum Klangwanderwee méi iwwert dësen gewuer ginn.

An der ieweschter Schlënner hunn d‘Frënn vun der Schlënner geféiert Rondgäng vum Duerf Uewerschlënner organiséiert. Bei dësen Visite guidéeën konnten d‘Leit méi iwwert dëst verstuerwent Duerf gewuer ginn.

Ënnert anerem goufen och Konschtwierker déi an Zesummenaarbecht mam Crij Esch realiséiert gi sinn ausgestallt. An deem Projet stoung d‘Verstännegung tëscht dem Quartier Brill an dem Schlënnerdall am Mëttelpunkt. Déi Jugendlech konnten een ganz anert Lëtzebuerg kenneléieren. Een grousse Merci geet un déi Jugendlech vum Quartier Brill an den Streetworker fir hir gutt Zesummenaarbecht.

Fir d‘Sécherheet hunn zu Houschent op der Plaz déi Houschter Pompjeeën gesuergt an eng Hand mat ugepaakt.

 

 

Download
Pogramm
Schlenner_Klangfest.pdf
Adobe Acrobat Dokument 1.0 MB

Mass an Schlënner

Mir soen jidderengem Merci deen den 9ten Juli bei der Mass an der Schlënner dobäi waren. Een besonneschen Merci gëllt  den Gesäng vun Schlënnermanescht an Houschent.


Neiegkeeten vun der Kapell

Den 9te Juni gouf an engen RTL-Reportage iwwert Klärung vun den Kierchenbesetztümer bestätegt datt d'Gemeng Buerschent d'Kapell an der Uewerschlënner kritt. Domat ass geséchert datt d'Kunigunde Kapell weiderhin ënnerhale gëtt an an ëffentlecher Hand bleift.

 

Hei den Link zum Video:

 

http://tele.rtl.lu/emissiounen/de-journal/3096479.html


Renert-Projet

L'initiative « Renert », un projet qui se fait en étroite collaboration avec la maison d'édition « Op der Lay », se comprend comme une idée de nature éducative et sensibilisatrice. Un livre de poche minimaliste sera imprimé, contenant l'œuvre littéraire emblématique de Michel Rodange, - le « Renert ». Ce livre de poche sera distribué à titre gratuit.

Le protagoniste de la fameuse fable de Rodange demeure le dernier habitant de la vallée de la Schlinder. Nous voudrions sensibiliser le lecteur à l'histoire tragique de la vallée d'une part et à l'héritage littéraire de Rodange d'autre part, en combinant ces deux aspects qui nécessitent d'urgence une revalorisation. Le livre sera complété par des photographies de la région d'Erny Schmit mises à disposition par les Archives Nationaux. D'autres photographies issues de collections privées de jeunes talents de la photographie y pourront figurer. C'est en lançant cette initiative que notre association s'apprête à lancer un appel aux dons aux intéressés, aux particuliers et aux entreprises.

C'est à l'aide et fonction de votre support financier que cette initiative pourra voir son jour, le tout évidemment sans aucun but lucratif. Aidez-nous à rafraîchir la mémoire historique et littéraire ; soutenez une jeune association et contribuez ainsi à la réussite de ce projet.

 

Veuillez consulter la rubrique "Projet-Renert" et le lien ci-dessous:

http://www.focuna.lu/fr/Faites-un-don/Frenn-vun-der-Schlenner

 

Merci pour votre support.


2016

Gedrénks an der Schlënner-Baach

Opgrond vun deenen ëmmer méi kalen Temperaturen dobaussen, schléissen mir den Projet vum Gedrénks an der Schlënner-Baach fir dëst Joer of.

Am Zäitraum vum 15. Juli bis den 15. Oktober goufen am ganzen iwwer 800 Fläschen an der Schlënner gedronk.

Mir soen iech villmools Merci fir déi ganz positiv Resonanzen, déi mir kritt hunn an freeën eis ewell iech 2017 mat Gedrénks op ären Trëppeltouren erfrëschen ze kennen.


Panneau explicatif an der Schlënner
D'Geschicht verstoën

 

Mir si frou Iech kënnen de Panneau ze présentéieren iwwert d'Geschicht vum ausgestuerwenen Duerf Uewerschlënner, deen mir zesumme mam CNFPC vun Ettelbréck, an de Schüler aus dem Metalatelier réaliséiert hunn. E grousse Merci och un den Ministère de l'Environnement fir säi Support. Kommt an d'Uewerschlënner a léiert eppes iwert een däichtert Kapitel aus der Lëtzebuerger Geschicht.


Mass an der Schlenner

Den 10. Juli ass an der Uwerschlënner em 15 Auer rem di traditionnel Mass zu Eieren vun der Sainte Cunégonde. D'Frënn vun der Schlenner sinn och desst Joer rem op der Plaatz fir ze grillen. Mir wieren frou Iech deen Daach kenen an der Schlenner ze empfänken a mat Iech bei engem Patt an hoffentlech guddem Wierder e puer gemittlech Stonnen ze verbréngen.

weini? Den 10. Juli em 15 Auer
wou? An der Uwerschlenner


Panneau an der Schlënner

D'Frënn vun der Schlënner riichten 2016 e Panneau an der Schlënner op, deen de sellege Wanderer an och de Leit aus der Regioun di tragesch Geschicht vum Dall soll méi no bréngen. Mir si frou datt mir een sou engagéierte Partner fonnt hunn. Ee grousse Merci un de CNFPC vun Ettelbréck an un d'Schüler aus dem Metalatelier fir hier Hëllef beim Bau vum Panneau.


Publicatioun vum Erny Schmit sénger Foto Collection

Ee Schatz aus dem National Archiv

 

Den Landschaftsfotograf a passionéierten Wanderer Erny Schmit huet eng wonnerbar Collectioun u Fotoen hannerlooss, och vun der Schlënner. Mir publizéieren d'Fotoën op eisem Internetsite. Mir freen eis op äre Feedback. Diskutéiert mat op Facebook.

(Source photos: Archives Nationales)


2015

Gedrénks an der Schlënnerbaach 2015
E Bilan vum Projet

Mëtt Mee huet de Projet „Gedrénks an der Schlënnerbaach“ ugefangen. Nodeem mir laang iwwerluecht hunn wéi mir de Léit d'Frënn vun der Schlënner kéinte virstellen, si mir op d'Iddi komm déi vill Wanderer déi am Summer duerch d'Schlënnerdall trëppelen e wéineg ze erfrëschen.Nom Prinzip „Bezuelt wat dir wëllt“ (Pay What You Want) konnten duuschtereg Passanten sech eppes ze drénken aus der Këscht an der Schlënnerbaach huelen.

 

Mir si lo um Enn vum Projet ukomm. Mir zéien ee ganz positive Bilan. Net nëmmen dass mir keen eenzege Fall vu Vandalismus verzeechent hunn, ma di vill Zouschrëften an Ënnerstëtzung déi eis erreecht hunn hunn eis motivéiert.

 

D'Frënn vun der Schlënner soe jidderengem villmools merci deen de Projet ënnerstëtzt huet.