Eise Verain
Mir stellen eis vir

D’Frënn vun der Schlënner goufen den 23 Mee 2013 vun engem Grupp Studente gegrënnt. Si hunn sech zesumme gedoe fir sech fir d’Regioun ëm d’Schlënner anzesetzen.

 

D’Schlënner, ee vergiessent Dall tëschent Schlënnermanescht an Houschent, bitt déi eenzegaarteg Chance eng Recherche iwwer déi regional Identitéit unzestoussen an un Hand vun engem konstruktiven Dialog tëschent de Generatiounen, am Respekt virum natierlechen, kulturellen an historesche Patrimoine vum Schlënnerdall, dës Regioun zu engem Symbol vu Kooperatioun a gesellschaftlecher Integratioun ze maachen. Opschaffe vun der Vergaangenheet, Operliewen vun alen Traditiounen, Wertschätzen vun Natur an Ëmwelt sou wéi d’Schafe vun enger Bréck tëscht Jonk an Aal dat sinn d’Grondgedanke vun de Frënn vun der Schlënner, déi hannert dëser Mëschung eng konstruktiv Dynamik fir d’Realisatioun vu Projete gesinn.

 

D’Associatioun huet als Ziel ee breetgefächerte Programm vu verschidden Evenementer sou wéi kulturell Projet’en, Aktivitéiten, Visite guidéeen, musikalesch Soirée’en asw, am Sënn vun enger Valorisatioun vun der Schlënner ze organiséieren an sou d’Geschicht vun dëser Regioun raus an d’Welt ze droen.


Comité 2019-2021

Den Comité fir d'Joer 2021 besteet aus folgenden Leit:

 

Ben Allard (Präsident)

Chiara Muller (Vize-Präsidentin & Social Media)

Ralph Meyers (Vize-Präsident)

David Majerus (Sekretär)

Brian Meyers (Trésorier)

Rafael Langertz

Pierrot Meyers

 

 

Dir wëllt eis kontaktéieren? Dann kënnt dir eis och gär eng E-mail iwwert info@schlenner.org schreiwen. Wenn dir eng bestëmmten Persoun aus dem Comité wëllt erreechen dann schreift der gewënschter Persoun eng Mail. (Dës Mail-Adress besteet aus dem Virum+@schlenner.lu)


Statuten - Frënn vun der Schlënner

Download
Frenn vun der Schlënner - Statuts 2013
Frenn vun der Schlenner - Statuts 2013.p
Adobe Acrobat Dokument 76.0 KB
Download
Frënn vun der Schlënner - Modification des statuts de 2019
Frenn vun der Schlenner - Modification d
Adobe Acrobat Dokument 69.7 KB