D´Kapell

Sainte Cunégonde oder Saint Michel?

D'Uewerschlënnerkapell steet ënnert dem Schutz vun der helleger Kunigunde. Oftmols besteht eng Verwiesselung mat der Paarkierch "Saint-Michel" vu Buurschent. "Sainte Cunégonde" gellt als den legitimen Numm vun der Kapell. Den 13. August 1858 gëtt den Inneministere der Gemeng Buurschent d'Permissioun fir een 9 Ar grousst Grondstéck ze kafen fir an der Uewerschlënner de Grondsteen ze leen fir eng Kapell, eng Schoul an ee Kierchenhaff ze bauen. Zu dësem Zäitpunkt ass d'Schlënner nach eng Uertschaft am Opschwong. Hei fënnt ee Millen, Gierwereien an landwirtschaftlech Betriber. Dem Nic Bosseler sengem Wierk “Hoscheid auf der Strass” ass ofzeleeden dass am Joer 1875 fir Päischten déi eicht Feierlechkeeten op dëser Plaatz ofgehale goufen.De 27. September gëtt d'Kapell eng zweete Kéier ageweit nodeems d'Gebai op Grond vun enger Privatinitiativ renovéiert gouf. Eng drëtt Renovatioun gëtt 1965 vum buerschenter Gemengerot beschloss. No laangem Hin an Hier gëtt d`Renovatioun vun der Kapell schlussendlech 1979 an Ugrëff geholl.

 

Vun dësem Zäitpunkt un huet sech eng kleng Communautéit rondrëm d'Uewerschlënnerkapell Joer vir Joer am Dall getraff an hei eng Mass organiséiert. Onkloer ass vu wéini un des Zeremonie schonn ofgehal gëtt. Enger So no soll virun méi wei 350 Joer schonn eng Kéier eng Kapell op dëser Plaatz gestan hunn. Hei sollen d'Stemmen vun duerch d'Pescht verstuerwenen Awunner ze héieren gewiescht sinn. Der So no handelt sech hei em d'Geeschter vun de verstuerwenen Affer aus den ausgestuerwenen Dierfer Nachthumb a Wambach. Jeeweils eng Fra aus den zwee Dierfer huet iwwerlieft. Allebéid pilgeren se all Freideg an d'Uewerschlënnerkappel fir hei vir déi Doudeg ze bieden. Hautdesdaags fënnt nach all Joer am Juli hei eng Mass statt. Eng bal vergiessen Traditioun aus der Regioun.

 

 


Sources: Evy Friedrich "Ober- und Unterschlinder" ; Frenn vun der Schlenner