D´Duerf Uewerschlënner

Vum Opschwong bis zum Fall vun engem éisleker Duerf

 



D’Geschicht vum Duerf Uewerschlënner ass een tragescht Kapitel vum Éislek. D’Liewen am Schlënnerdall war haart.Virun der industrieller Revolutioun hunn och hei d’éislécker Leit, wéi iwwerall am Land ënnert raue Konditioune versicht hiert Iwwerliewen duerch Landwirtschaft an Handwierk ze sécheren. D’Feudalherrschaft vun den Häre vu Klierf, Schüttbuerg a Buerschent huet de klénge Leit kaum Spillraum fir engt bessert Liewe gelooss. No engem Jorhonnert am Opschwong gouf d´Duerf Affer vun Honger an Aarmut an d´Leit si geflücht. Hier Geschicht ass kengeswees weltbewegent ma op kenger anerer Plaatz am Land gëtt een sech méi bewosst wéi staark sech dëst Liewe vun dem vun haut ënnerscheed. D’Uewerschlënner ass een Echantillon vu vergaangenen Zäiten de bal a Vergiessenheet gerode wier.

 

 

Dem Nic Bosseler säi Wierk ‘’Hoscheid auf der Strass’’ erméiglecht een Abléck an d’Geschicht an an den Alldag an der Uewerschlënner. Generell kann ee soen dass alles mat enger Millen un der ieweschter Schlënnerbaach ugefang huet.

Den ale Réimerwee, dee vu Konstem Richtung Houschent, duerch d’Schwéngskaul féiert, huet d’Uewerschlënner viru laanger Zäit un d’Zivilisatioun ugeschloss. Aus engem Dokument vun 1330, geet ervir, dass hei déi eelste Mille vum Schlënnerdall stoung. Si dréit sënngeméiss den Numm “Schlënnermillen”. De Kadaster verréit am Joer 1824 de Jean Wilmes als Bedreiwer vun der Millen. D’Häre vun der Schüttbuerg waren zur där Zäit déi legal Besëtzer vun der Millen, an hunn dës als Seeërei bedreiwe gelooss. Ab dem Joer 1828 gouf se als “Getreide” oder “Oelmühle” benotzt. Mëtt vum 19te Jorhonnert ass d’Gebai verfall. Haut ass bis op e puer kümmerlech Rechter vum benooperten Doléinerhaus näischt méi vun der Millen iwwreg.

 

1412 geet d’Gebitt vum Schlënnerdall an d’Hänn vun den Häre vu Klierf iwwer.

 

1585 ginn Uewer an Ënnerschlënner an d’Pargebitt vu Branebuerg iwwer; eenzel Deeler ginn der dikrecher St. Laurentiuskierch zougesprach.



Et si net vill Dokumenter déi vun der Schlënner rieds ginn. Et kann een awer ee skizzéierten Entworf dovu maachen, wéi oft d’Uewer- an d’Ënnerschlënner tëschent de verschidden Hären hin an hier gereecht goufen. D’franséisch Revolutioun am Joer 1789 bréngt de wahrscheinlech gréissten Ëmschwong. De lëtzebuerger Territoire gëtt vun de franséischen Truppen ageholl a gëtt e puer Joer méi spéit dem “Département des Forêts” zougeuerdent.

1815, am Joer vum Wiener Kongress, ergëtt eng Vollekszielung dat an der Uewerschlënner eng 25 Leit gelieft hunn. 12 Joer méi spéit sollten et der well 38 sinn. Kadasterpläng aus den 20er Jore vum 19ten Jorhonnert bezeien d’Existenz vun 20 Haiser am Duerf Uewerschlënner. Haut onvirstellbar. 1847 wunnen hei 13 Familljen an am ganze 67 Awunner. Em d’Uewerschlënner huet sech eng demographesch Dynamik entwéckelt an Duerf huet sech ëm d’ ’’Hobbes-‘’ a ‘’Kalmillen’’ zu engem pittoresken éisléker Dierfche gewandelt.

 

 

Am Joer 1858 gëtt den Inneministère d’Permissioun fir eng Kapell am Duerf opzeriichten. Och eng eege kleng Schoul sollt niewent dësem haut nach erhalene Gebai entstoen.Bal honnert Joer no der franséischer Revolutioun, fir genee ze sinn, den 28. Januar 1878 brennt d’Schoul op Grond vun engem Schoulmeeschter dee Päif gefëmmt huet of. Dëst wor ee weideren Aangelpunkt fir d’zukünftegt Schicksal vum Duerf.

Vun dësem Moment un sollt et mam Duerf just nach d’Baach agoen. D’Leit hunn an der Hoffnung op ee bessert Liewen hirem Heemechtsduerf de Réck gedréint an hunn hiert d’Gléck an der ‘’Neier Welt’’, a Nord- a Südamerika gesicht. Si hunn alles opginn. Dës Well un Emigratioun huet den Doudesstouss fir d’Uewerschlënner bedeit.

 

 Bis zur Zäit vum 2te Weltkrich hunn nach eng Hand voll Leit hei gelieft. Duerch den Ugrëff vun de Nazie gouf och déi läscht Séil gezwongen d’Uewerschlënner ze verloossen. D’Bewunner sinn an d’Wehrmacht agezunn, deportéiert a gepisakt ginn. Anerer sinn desertéiert an hunn an de Bëschbunkeren am Ëmkrees (wéi z. B. de Bunker Fridbësch an Houschent) Schutz virum Feind gesicht.

 

 

Wann een haut erof an d’Uewerschlënner trëppelt muss ee scho vill Fantasie opbrénge fir hannert der heiansdo ganz bosseger Morphologie vum Buedem an den openeengetesselte Kéip Steng eng Zivilisatioun aus vergaangenen Zäiten ze gesinn. D’Natur huet sech Uewerschlënner erëmgeholl. Et ass un der Zäit Mënschen déi hei iwwer Jorhonnerte gelieft an iwwerlieft hunn kennenzeléiren. Et sinn hier Geschichten aus deene mir haut nach kënne Léieren zéie fir muer.

 

Sources: Nic Bossleer "Hoscheid auf der Strass" ; Archives nationales de Luxembourg ; Evy Friedrich "Ober- und Unterschlinder" ; Frënn vun der Schlënner