Malpaartes

Dem Renert seng Buerg


De Michel Rodange huet ëm d'Joer 1870 bei der Visite vun engem Chantier duerch Zoufall de Fuussebau entdeckt, deem hie spéider a senger Fabel de Numm „Malpaartes“ ginn huet.

 

Den Auteur huet zu där Zäit als Kantonalinspekter zu Wolz geschafft an ass an d'Schlënnerdall komm fir sech ze vergewëssere wéi d'Aarbechten un der zweeter Schlënnerbréck viruschreiden. Nieft senger Aarbecht, déi de Michel Rodange op déi entleeëntst Plaatze vum Eisléck gefouert huet hat hien ëmmer eng Affinitéit, eng Léift fir déi typesch Landschafte vun der Regioun. A senger Kandheet huet hien vill Zäit bei sengem Monni zu Lëpschent verbruecht. Dëst muss eng Zäit gewiescht sinn déi hie geprägt huet. Sou wei de Renert jiddereen em de Fanger gewéckelt huet, sou huet d'Schlënner dat selwecht mam Michel Rodange gemaach. Déi verwëldert Natur, déi steil Häng an natierlech d'Erënnerungen aus der Kandheet hunn den Auteur schnell verfouert.

 

Sou gouf dem Renert seng Buerg hei an der Schlënner erduëcht. 1872 publizéiert de Michel Rodange säi Wierk „Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst “. D'Buch ass eng Adaptatioun vum Goethe sengem „Reineke Fuchs“. Op den éischte Bléck liest sech d'Wierk wéi een Hommage un d'lëtzebuerger Sprooch, un d'Landschaften a Géigenden. Et ass awer wäit méi wei eng romantiséiert Fabel. D'Geschicht dréit een Deckmäntelchen, ënnert deem de virwëtzegen, opgeschlossene Lieser eng Gesellschaftskritik firfënnt, déi déif an d'Liewe vun der Zäit vun der industrieller Revolutioun blécke léisst. E Beispill aus dem „Renert“ ass de Paschtouer vu Maarnech alias Pierre Frieden. 

 

Haut muss een dem Michel Rodange et héich urechnen, dass hien zu der Zäit de Courage hat ëffentlech mat der Hypocrisie an d'Geriicht ze goen. Oppenheet, Éierlechkeet, Toleranz, Wertschätze vun der Natur, d'Léift zu der Mammesprooch an d'Verwuerzeltsin mat der Regioun, dat ass et wat de Michel Rodange wollt mat sengem Wierk verteidegen. Leider huet hie richt no sengem Dout déi breet Unerkennung kritt déi him geschold ass. Fir den honnertesten Anniversaire vum Auteur goufe queesch duerch d'Land Feieren organiséiert fir dem Auteur a sengem Buch ze gedenken. Den Evy Friedrich huet am Joer 1934 dem Renert seng Buerg rementdeckt. A sengem Temoignage erzielt hie vun engem Fuussebau deen ofgeleeën zwëschen der ënneschter Schlënner a Schlënnermanescht, tëscht Brimmen an Hecken an engem steilen Hang läit. E Bewunner aus der ënneschter Schlënner hat him de Wee vun de Fiiss bis bei de Bau explizéiert. Am September 1935 fënnt dann och schlussendlech eng Feier zu Schlënnermanescht statt, wou dem Michel Rodange sengem Wierk zu Éieren ee Pad bis op Malpaartes geschloe gouf an deen elo agewéiht gëtt. Mat enger Affiche vum renomméierte lëtzebuerger Moler Roger Gerson gouf des Féier annoncéiert an ass ee vollen Erfolleg gewiescht.

 

Dem Michel Rodange seng Botschaft war an de Käpp vun de Léit ukomm.Sai Wierk war identitéitsstëftent fir eng jonk Natioun déi tëscht de Fronte vun de Mächtege vun Europa stoung. Och haut ass et wichteg déi Wäerter fir déi de Michel Rodange gekämpft huet weiderliewen ze loossen. Malpaartes ass och haut nach eng Plaatz déi zum Nodenken ureegt an wann een sech virstellt dass de Renert vun hei aus seng intrigant Spillercher mat de Leit gedriwwen huet, dann ass et ëmsou méi d'Geleeënheet fir säi kritege Geescht op dëser mysteriéiser Plaatz ze stäerken.


Sources: De Renert - kommentéiert Versioun vum Romain Hilgert ; Evy Friedrich "Ober- und Unterschlinder" ; 50 Joer Schlennermanechter Pompjeee