Gedrénks an der Schlënner-Baach

De Summer ass eriwwer an eisen Gedrénks-Projet geet och glaich an de Wanterschlof.

Mir sinn ewell oft op dëse Projet ugeschwat a gefrot op sech dat ganzt lount, dofir wëlle mir iech hei emol e bëssen iwwert dëse Projet opklären.

D'Idii ass well am Joer 2015 entstanen a gouf och do fir d'Eicht ëmgesat. Ganz einfach wollte mir, ewéi mir et och well an der Vakanze gesinn hunn, mat Gedrénks de lokale Wanderer an Touriste Gedrénks ubidden. Duerch déi natierlech Killung duerch d'Schlënner-Baach hunn mir dunn nëmmen eng Kees missen opriichten a reegelméisseg Gedrénks nofëllen.

An den fënef Joer goufen esou well 4.474 Fläsche gedronk an duerchschnëttlech 1,12€/pro Fläsch an d'Kees geheit. Natierlech gëtt een doduerch net räich virun allem wenn ee bedenkt dat mir an der Reegel zwee mol pro Woch d'Këschte wiessele ginn. Ma an awer si mir frou dat de Leit dës Initiativ esou gutt gefält.

Virun allem d'Joer 2020 war bedengt duerch déi aktuell Situatioun an d'Vakanz doheem een bedonnegt gudd Joer mat 1167 Fläschen. Och d'nächst Joer wäert d' Gedrénks ërem op iech an der Schlënner waarden. :)