Stréihülsefabrék

Am Wandel vun der Zäit

 

Wann een haut vun Houschent laanscht d’Ennerschlenner an de Sauerdall fiert géif een net mengen dat riets hannert der Mauer eng Industrie am verluerenen Duerf wor. Direkt am Agank vun der Ënnerschlënner op der rietser Säit fënnt sech eng al zerfale Ruin. An dësem Gebai war fréier d’Stréihülsefabréck Huberty.

D’Famill Huberty déi am Haus ‘’A Traapen’’ gewunnt huet, huet ëm 1900 dat gréissten Haus an der Ënnerschlënner kaaft. De Peter Huberty, Grënner vun der Fabréck hat am ganzen 11 Maschinnen. Hien hat 15-16 Persounen vun ausserhalb, an 7-8 Familljememberen do schaffen. Et huet sech hei also ëm een gréisseren Betrib gehandelt. Et goufen 1000 Hülsen pro Dag produzéiert, dëst fir déi weltbekannte Schampesfabréck “Mercier” op der Stater Gare, d’Dikrecher Brauerei an eng sëlëschen Apdikten.D’Stréihülsen sinn dofir gebraucht ginn fir zerbriechlech Géigestänn, wéi z. B Schampesfläschen, fir den Transport ze verpaken fir dass se sécher ukommen. D’Maschinnen fir dës Hülsen ze produzéieren, sinn vu Mercier gestallt ginn.

 

1921 ass Mercier an der Staat, duerch eng international Wirtschaftskriis an d’Laberenten komm. Den 22. Juni 1922 ass den Grënner Peter Huberty gestuerwen an säin Fils Nicolas huet a schwieregen Zäiten d’Geschécker vum Betrib iwwerholl. Dës zwee Schicksalsschléi hunn awer nach am selwechten Joer dozou gefouert datt den 30. September 1922 den läschten Aarbechtsdag an der Fabréck Huberty wor.

D’Strohülsenfabréck gouf spéider, an der Mëtt vum 20ten Jorhonnert, vu bekannte Leit bewunnt. D’Famill van Werveke huet aus der fréierer Stréihülsefabréck hiert Weekendhaus gemeet. Sou kënnt et datt hire Fils, den “Enfant terrible” Thierry van Werveke an der Schlënner seng Jugend verbruet huet fir dann dono eng Carrière als een vun den erfollegräichsten lëtzebuerger Akteuren ze maan.

 

Sources: industrie.lu ; Evy Friedrich "Ober- und Unterschlinder" ; Frenn vun der Schlenner